80. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv a 40 Joer Militärmusée zu Dikrich
80. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv a 40 Joer Militärmusée zu Dikrich
Viru 40 Joer hunn d’Dikricher Geschichtsfrënn hir Muséesdieren
opgemaach. Dëst soll duebel gefeiert ginn, zesumme mat dem
80. Anniversaire vun der Ardennen-Offensiv zu Dikrich.
De Schäffen- a Gemengerot vun der Stad Dikrich, zesumme
mam Musée National d’Histoire Militaire, dem Musée d’Histoire[s]
Diekirch, dem Lycée Classique de Diekirch an der Dikricher
Kulturkommissioun, invitéiere ganz häerzlich op d’Haaptevenement,
d’Séance académique, de 24. Januar 2025 an
der Aler Seeërei.
Den Dikricher Militärmusée war am September 1984 vun enger
Handvoll Sammler a Geschichtsenthusiasten op d’Bee gestallt
ginn. Dëse wichtige Partner an der Erënnerungskultur vun der
Rundstedt-Offensiv de 16. Dezember 1944 huet mat Hëllef
vun amerikanischen an däitsche Veteranen de Krichsalldag an
Dioramaen duergestallt, wat déi Zäit en Novum war. Zanterhier
ass vill geschitt am Militärmusée. De 24. Januar 2025 maache
.
mir eng Zäitrees duerch d’Geschicht vun Dikrich an duerch
.
d’Geschicht vum MNHM.
Mellt Iech un, bis de 14. Januar 2025, via Website oder p