Wann? Samstag 07.06.202520:00 - 21:15 Uhr

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet

Wo? 1, Place Marie-Adélaïde, L-9063 Ettelbrück Theater, Film & Shows

Independant Little Lies (ILL)

All Mënsch huet scho mol vum Grof Siegfried héieren, dee mam Däiwel e Pakt agaang ass, fir eng Buerg ze bauen, an där hie jonk Damme beim Buede belästege konnt. Oder vum Jang vu Béimen, deen d'Schueberfouer gegrënnt huet, a sech esou fir Minoritéiten agesat huet, datt och Blanner an d'Arméi duerfte goen. Oder vum Klëppelkrich, an deem jonk Lëtzebuerger dofir gekämpft hunn, hir Aachtchen net mussen op Franséisch ze bestellen... Mee wat wësst Dir eigentlech wierklech iwwert d'Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Wéini huet d'Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Éisträicher, a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet? Fir Iech vun där penibeler Aarbecht ze erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, invitéiert Iech den Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vu sengem drëssegjäregen Anniversaire bei säi kabarettisteschen Owend fir Aarm a Räich, Jonk an Al, Normalstierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen. Dat heescht, och wann Dir mengt, Dir kennt Iech aus, kommt trotzdeem laanscht! A wie weess, vläicht léiert Dir jo effektiv eppes bäi, well hei gi se all opgedeckt, déi Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet.



Eng Produktioun am Kader vum 30. Anniversaire vun Independent Little Lies - ILL, a Koproduktion mam Centre Culturel Régional Aalt Stadhaus Differdange a mam CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vun der Stad Esch-Uelzecht.




Frédérique Colling, Jacques Schiltz : Spill

Claire Wagener, Maurice Sinner : Kollaboratioun, Text an Inzenéierung

Michele Tonteling : Bün, Kostüm

Antoine Lazzari : Persoun mat Anung

Jill Christophe : Produktiounsleedung

Preisinformation
ab1,50€
Ticket buchen
ab1,50€
© echo.lu
Die nächsten Termine
Samstag 07.06.202520:00 - 21:15 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
1, Place Marie-Adélaïde
L-9063 Ettelbrück
Auf Karte anzeigen
© echo.lu

V_RST_LL_NG

Chris & Iris
Mehr erfahren
© echo.lu

#ouni Filter

Théâtre National du Luxembourg
Mehr erfahren
© echo.lu

#ouni Filter

Théâtre National du Luxembourg
Mehr erfahren
© echo.lu

Pizz'n'Zip

Eleonora Savini & Federica Vecchio
Mehr erfahren
© echo.lu

Pinocchio

Philharmonie Luxembourg
Mehr erfahren
© echo.lu

Die kleine Hexe

Die kleine Hexe
Mehr erfahren
© echo.lu

Opéra'tion Séduction

Orchestre de Chambre du Luxembourg
Mehr erfahren
© echo.lu

Moving Shadows - Our World!

Die Mobilés
Mehr erfahren
© echo.lu

Kappkino: Blablablastik

Openscreen
Mehr erfahren